D’Ouverture |
De Partenariat |
D’Liesfërderung |
À propos
E gemeinsamt Abenteuer fir Elteren, Léierpersonal a Kanner fir de Start an d’Liesen z’ënnerstetzen
De Projet “Geschichteposch” invitéiert déi verschidden Acteuren aus der Schoul an d’Memberen aus der Famill, fir zesummen un der Fërderung vum Liese vun de Kanner aus dem 1. an dem 2. Zyklus aus der Grondschoul, ze schaffen.
Sengem Kand Bicher virliesen ass eng extrem wichteg Aktivitéit fir d’Kand ze motivéiere Liesen ze léieren. Fir et un d’Verstoe vun der Schrëft erunzeféieren, spillen d’Schoul an d’Famill komplementar Rollen; déi affektiv Säit betrëfft éischter d’Famill an déi kognitiv Säit éischter d’Schoul.
De Projet viséiert d’Valorisatioun vun der Familjesprooch vum Kand a fërdert duerch méisproocheg Kannerbicher de Start an d’Liesen grad ewéi d’Relatioun tëscht der Famill an der Schoul. De Projet baséiert op 3 Schwéierpunkten: d’Ouverture aux langues, d’Partnerschaft tëscht den Elteren an der Schoul an d’Promotioun vum Liesen.
De Projet staamt vun engem kanadesche Projet of an existéiert säit 2009 zu Lëtzebuerg. E gëtt vum SCRIPT a vum SECAM (Service de la scolarisation des enfants étrangers) gedroen.
Haaptziler
- D’Praxis vum Liesen an der Familijesprooch doheem ureegen andeem een d’Bicher liewe léisst duerch privilegéiert Momenter tëscht den Elteren an de Kanner,
- d’Familjesprooch vun de Kanner valoriséieren,
- d’Partnerschaft vun der Schoul an dem Doheem duerch gemeinsam Aktivitéiten tëscht den Elteren an hire Kanner an hirer Éischtsprooch encouragéieren,
- d’méisproochegt Liesen an de Klasse fërderen.
Oflaf
Een nom aneren huelen d’Kanner d’Geschichteposch, déi an der Schoul preparéiert gouf, mat heem. D’Geschichteposch besteet aus:
- 1 Kannerbuch mat der Iwwersetzung an d’Éischtsprooch vum Kand,
- 1 CD op där d’Geschicht a ville Sproochen erzielt ass,
- 1 Glossaire an en Informatiounsbréif,
- Spiller oder aner Aktivitéiten a Relatioun mat der Geschicht (z.B. Memory, Marionetten, Gesellschaftsspiller, etc. )
- 1 Iwwerraschung
Als éischt gëtt d’Buch aus der Geschichteposch an der Schoul op Lëtzebuergesch behandelt. Da gëtt d’Buch doheem vun den Elteren an hirer Familjesprooch haart virgelies oder/an et gëtt zesummen den CD gelauschtert.
D'Famill notzt zesummen d’Aktivitéiten aus der Geschichteposch a genéisst e flotte gemeinsame Moment ronderëm e Buch.
Auswierkung vum Projet
Doduerch datt de Kanner hire Sproocherepertoire an der Schoul valoriséiert gëtt, entsteet eng Verbindung tëscht de Sproochen, déi an der Schoul geléiert ginn, an de Familjesproochen. Des Weidere bewierken d’méisproocheg Bicher an d’méisproocheg CDen en neie Rapport zum Buch.
Sou vereinfacht de Projet d’Léiere vum Lëtzebuergesche fir Kanner, déi doheem eng aner Sprooch schwätzen.
Geschichten
Wien ka beim Projet matmaachen?
All interesséiert Acteuren aus der Schoul kënnen, nodeem se un enger Weiderbildung zum Projet deelgeholl hunn, matmaachen. D’Personal aus de Zyklen 1 an 2, de Précoce mat abegraff, ass vum Projet viséiert.
Et gi regelméisseg Formatiounen duerch de SCRIPT organiséiert (kuckt beim Programm vum IFEN).
Et gëtt och d’Méiglechkeet eng intern Formatioun an Ärer Schoul unzefroen (SchiLW : Ouverture aux langues et Sacs d’histoires : le bagage linguistique des élèves – une ressource ?!).
D’Ausléine vum Material gëtt vum SCRIPT geréiert (anne-marie.antony@men.lu).
Dat folgend Material gëtt vum MENJE zur Verfügung gestallt, fir als Geschichteposch genotzt ze ginn. Et gëtt un d’Schoulen an enger Mapp ausgeléint mat:
1 Buch, 1 oder 2 CDe mat der Geschicht a verschiddene Sproochen, 1 DVD mat den Iwwersetzunge vun der Geschicht oder dem Accès op d’Onlineversioun vun den Iwwersetzungen.
Wéinst den Aschränkungen duerch d’Droits d’auteur gëtt d’Material just un Enseignanten ausgeléint, déi beim Projet matmaachen. D’Material ka maximal fir 1 Schouljoer geléint ginn.
Dokumentatioun
Dokumenter
- Sacs d’histoires : Beschreiwung vun de Kannerbicher vum Projet
- Sacs d’histoires: eng Tabell mat den Iwwersetzungen
- Bibliographie de livres multilingues avec traduction perse exposés sur le stand du MENJE à la Luxdidac 2016
- Bibliographie vu méisproochege Kannerbicher mat arabescher Iwwersetzung vum Stand vum MENJE op der Luxdidac 2016
- Bibliographie vu Kannerbicher ouni Text vum Stand vum MENJE op der Luxdidac 2015
- Bibliographie vu méisproochege Kannerbicher vum Stand vum MENJE op der Luxdidac 2015
- Bibliographie vu Kannerbicher ouni Text a méisproochege Bicher vum Stand vum MENJE op der Luxdidac 2014
- Publikatioun: Ouverture aux langues à l'école : vers des compétences plurilingues et pluriculturelles
Link
Kontakt
Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)
Anne-Marie Antony
Tél. : 247-85184
anne-marie.antony@men.lu