Dat klengt rout Hung

Original : The little red hen

Et gëtt des Geschicht a ville Versiounen; hei ass d’Versioun vum Byron Barton genotzt ginn. D’Geschicht ass a 17 Sproochen erzielt (Lëtzebuergesch, Albanesch, Däitsch, Englesch, Arabesch, Kapverdianesch, Chinesesch, Spuenesch, Franséisch, Italienesch, Mazedonesch, Hollännesch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Russesch a Serbokroatesch).

D’Buch erzielt d’Geschicht vun engem Hong mat senge Jippelcher, dat e Brout bake wëll. Et freet seng Kollegen em Hëllef, mee si hunn aneres ze dinn …

Mat wéineg Text a ville Widderhuelungen erlaabt des Geschicht et mat de Kanner iwwer d’Etappe vum Weesskär bis zum fäerdege Brout ze schwätzen, mee och Theme wéi Frëndschaft an Egoismus unzeschwätzen.

Am Set ass d’Buch op franséisch, eng CD an eng DVD mat den Iwwersetzungen.

Dëst Buch bitt sech fir de Precoce an de Cycle 1 un.

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse 

Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

Anne-Marie Antony

Tél. : 247-85184
anne-marie.antony@men.lu

 

 

logo SCRIPT       SECAM