Ech si kee béise Wollef

Original : Ech si kee béise Wollef

D’Geschicht vum Vanessa Staudt ass an 11 Sproochen erzielt (Lëtzebuergesch, Albanesch, Däitsch, Englesch, Arabesch, Kapverdianesch, Chinesesch, Persesch, Franséisch, Portugisesch a Serbokroatesch). Donieft ass de geschriwwenen Text op Spuenesch an Italienesch disponibel.

D’Buch erzielt d’Geschicht vun engem Wollef, dee Schwieregkeeten huet, Frënn ze fannen. Déi aner fäerten de Wollef, well hien an deene meeschte Märercher béis ass. Schlussendlech weist d’Eil him de Wee bei en anert Déier, dat och e Kolleg sicht.

Des Geschicht erlaabt vum Wollef an vun de Märercher mam Wollef ze schwätzen. D’Buch ass sécherlech am flottsten, wann een d’Märercher, déi ugeschnidde ginn, scho kënnt. Ausserdeem erméiglecht des Geschicht et Theme wéi Frëndschaft a Viruerteeler ze thematiséieren.

Am Set sinn d’Buch op Lëtzebuergesch, eng CD an de Link zu den Iwwersetzungen op Edudocs (Accès nëmme fir Léierpersonal, dat beim Projet matmëcht) ze fannen.

Dëst Buch bitt sech virun allem fir d’Zyklen 1 an 2 un.

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse 

Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

Anne-Marie Antony

Tél. : 247-85184
anne-marie.antony@men.lu

 

 

logo SCRIPT       SECAM