De Film weist d‘Etappe vum Duerchféiere vum Projet Sacs d’histoires am Lëtzebuerger Kontext : eng Geschichteposch gëtt an der Klass agefouert an e puer Posche reese bei verschidde Famillen.

Enseignanten an Eltere äussere sech zum Projet a firwat hien hinne wichteg ass.

Zum Schluss komme Réckmeldunge vun Enseignanten, déi de Projet bei sech probéiert hunn.

Kapitel 3 - De Sac d’histoires ass fir mech ... ee lëschtegen an kreative Moment, wou ech mat mengen Aarbechtskolleginnen zesummeschaffen

Enseignanten aus engem Cycle 1 erschaffen zesummen Aktivitéite fir eng Geschichteposch.

Si ginn d‘Detailer zur Sproochesituatioun an hire Klassen a weisen, datt déi Sproochevilfalt ganz positiv ass. e.a. fir de Versteesdemech vun de Kanner vis-à-vis vun aner Kulturen.

Wichteg ass, datt d‘Geschichten och fir ze lauschteren verfügbar sënn : esou erschléisst sech d’Buch och fir Elteren, déi eventuell net liese kënnen.

Kapitel 8 - De Sac d’histoires ass fir mech ...

Biller aus de Famillen an Aussoen zur Geschichteposch

... eppes wat ech kann ëmsetzen en eppes wat de Kanner Spaass mécht a mir och

... e Projet, deen eis matenee verbënnt

... Emotiounen eriwwerbréngen

... Zesummebrénge vu ville Kulturen an an dësen Zäite méi wichteg denn je

... ech freeë mech op de Sac d’histoires vum nächste Joer

 

 

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse 

Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

Anne-Marie Antony

Tél. : 247-85184
anne-marie.antony@men.lu

 

 

logo SCRIPT       SECAM