Wien hëlleft dem Ouschterhues

Original: Wer hilft dem Osterhasen

D’Geschicht vum Silvia Hülser ass op der Lëtzebuerger CD a 6 Sproochen erzielt (Lëtzebuergesch, Arabesch, Kapverdianesch, Chinesesch, Persesch a Polnesch).

Et existéiert zousätzlech eng CD vum Editeur vum Buch mat 12 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Italienesch, Rhäto-romanesch, Albanesch, Serbokroatesch, Englesch, Portugisesch, Spuenesch, Tamoul, Türkesch a Schwäizer-Däitsch).

Nieft dëse Sproochen, sinn nach d’geschriwwen Iwwersetzunge vum Text op Kurdesch, Russesch, Serbo-kyrillesch, Somalesch an Thaï um Site vum Editeur verfügbar.

D’Buch erzielt mat relativ vill Text d’Geschicht vum Ouschterhues, dee sech just virun Ouschtere verletzt an dann aner Déieren em Hëllef freet.

Am Buch fënnt een op ville Säiten Ausdréck a verschidde Sproochen. Dëst erméiglecht eng gewësse “Ouverture aux langues”. Och a verschidde Biller fënnt sech déi interkulturell Approche erëm. Natierlech bitt d’Buch sech och u fir iwwer Ouschteren ze schwätzen.

Am Set fënnt een d'Buch op Däitsch, 2 CDen an de Link fir d’Iwwersetzungen online ze fannen.

Dëst Buch bitt sech virun allem fir den Zyklus 1.2 an den Zyklus 2 un.

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse 

Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

Anne-Marie Antony et Toini Glesener

Tel. : 247-85184
anne-marie.antony@men.lu
 

 

 

logo SCRIPT       SECAM