Ee fir se All – All fir Een !

Original : Einer für Alle – Alle für Einen!

D’Geschicht vum Brigitte Weninger a vum Eve Tharlet ass a 16 Sproochen erzielt (Lëtzebuergesch, Albanesch, Däitsch, Englesch, Arabesch, Kapverdianesch, Chinesesch, Spuenesch, Persesch, Franséisch, Italienesch, Polnesch, Portugisesch, Russesch a BCMS (Serbokroatesch) an Türkesch).

D’Buch erzielt d’Geschicht vun enger Maus, déi d’Welt entdecke wëll. Ënnerwee begéint si verschidden Déieren, déi si op hirer Rees begleeden. All d’Déieren hunn hier Stäerkten, awer och hir Schwächten. Zesumme bréngen si vill fäerdeg.

Mat relativ vill Text erlaabt des Geschicht et mat de Kanner iwwer wichteg Theme wéi Frëndschaft, Selbstbewosstsinn, Zesummenhalt, Toleranz an och Inclusioun ze schwätzen.

Am Set ass d’Buch op Däitsch, eng CD an en de Link zu den Iwwersetzungen op Edudocs (Accès nëmme fir Léierpersonal, dat beim Projet matmëcht) .

Dëst Buch bitt sech virun allem fir d'Zyklen 1.2 an 2 un.

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse 

Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

Anne-Marie Antony et Toini Glesener

Tel. : 247-85184
anne-marie.antony@men.lu
 

 

 

logo SCRIPT       SECAM