De Besuch vum klenge Wollef

Original : Besuch vom kleinen Wolf

D’Geschicht vum Silvia Hülser ass op der Lëtzebuerger CD an 10 Sproochen erzielt (Lëtzebuergesch, Englesch, Arabesch, Kapverdianesch, Chinesesch, Spuenesch, Persesch, Polnesch, Rumänesch a Russesch).

Et existéiert zousätzlech eng CD vum Editeur vum Buch mat 9 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Italienesch, Albanesch, Portugisesch, Serbesch, Tamoul, Türkesch a Schwäizer-Däitsch).

Nieft dëse Sproochen, sinn nach d’geschriwwen Iwwersetzunge vum Text op Finnesch, Hebräesch, Kroatesch, Kurdesch, Rhäto-romanesch, Serbo-kyrillesch, Somali, Schwedesch, Thaï a Tigrinya (Etiopien) um Site vum Editeur verfügbar.

D’Buch erzielt d’Geschicht vum klenge Wollef, dee verstoppt an der Schoul d’kulinaresch Aktivitéite vun der Woch nokuckt. De Weekend kacht hien dann selwer an der Schoul.

D’Geschicht passt zu den Theme Wollef a Schoul. Dat orginalt méisproochegt Buch ass parallel an 8 Sprooche geschriwwen. Dës méisproocheg Approche bitt sech och un fir eng Sensibiliséierung zur Ouverture aux langues.

Am Set ass ee méisproochegt Buch, 2 CDen an de Link fir d’Iwwersetzungen online ze fannen.

Dëst Buch bitt sech virun allem fir den Zyklus 1.2 an den Zyklus 2 un.

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse 

Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

Anne-Marie Antony et Toini Glesener

Tel. : 247-85184
anne-marie.antony@men.lu
 

 

 

logo SCRIPT       SECAM